




Et wiest scho laang näischt
méi.
D'Iwerbevölkerung ass immens.
Et get nach jhust eppes z'Ièßen:
Match Green, Cactus Yellow a Mono
Black.
Wat sin dat dann nëmme fir Kichelcher,
aus wat kënnen si dann nëmme
sin?
Ech färten datt di kleng Paschtéitercher
aus de Läiche vun de Mënsche
bëschtin



MAMM KAPP AN D'MAUER, MAMM KAPP DUERCH D'MAUER.

Refrain: *)
Ech wëll 'rem heem, nëmmen
heem, all méng schéin Dreem,
'ch wëll 'rem heem. Hey! ass
een doheem?
Si hu mëch nu mol erwëscht
mee ëch kennen der vill di lafen,
di kënnen sëch fir hir Gaunereien
alles kafen.
Geld zitt zu Geld, eegal op et gefällt,
mee Här ass Här an Här
bleift nawell gär.
Jideree kuckt no sëch an da kënnt
- laang näischt méi,
jideree kuckt no sëch an da kënnt
eng Dièr ouni Klensch!
Ma mer e Bal, well d'Féiß
gin eis kal?
Komme mer net gewëß, da
kréi' mer eng gudd an d'Schchchhhh...
Heinsdo ass et schlëmmer do iwer
wéi hei bannen,
mee eng Kéier ass 't eriwer,
da kann ëch hei verschwannen.
Ech hoffen op eng Chance, 't moß
keng extra sin,
'ch wëll nëmmen rem ufänken
normal ze gin.
E 6er am Lotto, dee kënnt et
fräi sin,
da wire mir och fein, hei géif
keen eis méi gesin,
och mir hätten e Stéck
vun deem grouße Kichelchen,
well eppes ass sëcher: wee klaut
huèt net genuch!!
*) gesong vun
de Jongen am Prisong -
mir haten d'Erlaabnis
vum Procureur Général
an den Här
Jean Stackdaaf 'wollt kee Knéifall
virum Procureur
maachen' (Originaltoun)
soss wir den
RTL mattgaang
-------
Huès De gemierkt, di lescht
Strof?
Jo, mee déi huèt dach
dohanne guèr net gereimt, he gedu!
Jo, so, mee, dat muß dach eng
Ursaach hun, he gedu, ma nawell!
Jo, so, mee wart emol, eeee Moment,
't ass wòuer, ëch froen 'lo einfach!
Firwat reimt dat dohannen net? An
iwerhapt,
(et get der allerdings och di kréien
ni genuch,
ob se klauen, oder nichelchen...)
(4/4- Partei)
Haut komrnen ëch heem, nach ganz
an den Dreem.
Net aus der Disco mee vu San Francisco.
Scho wackelt eng Rideau, 't ass Här
a Mad Dame Tibeau,
huès De 'souer nièft
Der wunnen, 'ch kann Der soèn:
dat ass esou glungen.
Aktioun - géint domm Noperen - Aktioun...
Mee wat solls De maachen, Du kanns
se net verkafen!?!
Wee wëllt schon domm Noperen,
dat wir'n dach immens Toperten!
All moies en Dommen opsto'n, komm
kuck mol hei an d' Strooss.
't ass méi wi een deen opsteet
a gescheit ass do keng Mooss!
Dommdommdaboneewidommdommdaboesoudommnawellsuperdomm
Matt hinnen ass ee geplot, si méiche
m'r am léifsten de Stot:
blitz, blink a schrupp mamm Stauber,
ganz sauber - wat en Zauber!
D'Police kann do och naischt maachen,
fänken héchstens u matt laachen.
Wanns De sees et ging elo duèr,
da fannen si keng Spuèr.
Si bekëmmeren sëch em alles
- a wëllen et genau wëssen,
an ass et och nëmmen fir driwer
ze schnëssen.
Ech hun es esou sat wi matt den Ierbëssen.
Vierwat kënnen si mir dann net
méng Rou looßen?
Ech muß hinnen eng spillen,
si hun se verdéngt! Si
gi mer op d'Nerven, 't ass op d' mannst
fir d'100zéngt!
Ech packe mëch guèr ne'
méi, et geet 'lo grat duèr,
si kréien ee leçon,
ma da gin s'et gewuèr...
"Ehë, déi hu mer gar: den
Auto net propper gewäsch,
mee hei déck Bake man. Wat
ass? Sichs De mëch??
So, wëlls du Streech?!!!!! Ech
huèlen Ièch op d' Geriecht!
Dat ass 't dach fréier bei
eis net gin.
Hu mir dat do dann néidëch?
An iwerhapt, huèlt Ären Hond an d'Léngt,
e pisst ëmmer bei eise Boam.
Kuck hir Schong, da wees Dallas,
da kenns De hire Kack-Kack-Charakter"
Wat d'Pond Kieschte kascht, dat wëssen
si elo,
't ass vill méi rouëch,
well 't ass kee
mi do. Keen Domme méi dee gackert,
keng Rideau méi di wackelt,
ëch hun si matt der Flütt
einfach fortgelackelt.
D' Melodie war banal, déi vu
FOOL KID gung duèr,
du si si getrëppelt, ëch
wees (haut nach) net wuèr.
Eddi a gutt fort, an ëch wëll
Ièch nach soèn:
kommt niiiii méi erem, fir
mëch ze ploèn...
soss kënnt de WILL!
« Muchas Gracias »
Raoul « MUMSKI
» fir de Seh küri Tee, rutti äräpp;
Christophe PULTZ fir
d'Intro vun an d' Mauer selwer;
Guy « Mossbip
» MOSSONG fir d'Chaosduddel op A. D. N.;
DANIELE fir Asaatz matt
wonnerbaren Nerven;
Mett ZLATNIK fir den
tsycholorësche Beieschtand am Prisong;
Paul KREMER fir d'Haptsaach
di souwisou eegal ass;
Serge TONNAR fir d'Direckt
Dosin;
Tom Hanks well hièn
eis esou léif gelaacht huèt;
Procureur Général
fir d'Erlabnis, d'Jongen am Prisong opzehuèlen;
FZ, Pierre Franck, Alain
de Ron, Fonds Culturel National, Soilent Green, Mega4
an all deenen, di mer gièss hun an aawer och sollte merci gesot kréien.
"Nee Merci": dem Chuck Chirack (no more toys for the dirty boys!)
Luxus - 1995