Merci Monni Ben
(Sendungen JukeJoint,
Visions of the Past,
Bordertown um
Radio ARA)

 fir folgend CD-Kritik!


 
 
LUXUS huet e neien CD rausbruecht.

Dee 4. an der Historie vun dësem lëtzebuergeschen Kollektiv em den Headmaster Claude F., alias chick’n.mo. Headmaster, Mastermind, Cheftüftler, Oberguru oder The Brain, …as you like it! Esou e “Brain” ass och tatsächlech um CD oofgemoolt. E Gehiir, dat um Opener-Track massiv muss leiden.

„Dramavax“ behandelt d’Pharmaindustrie a séng Langzäitschiéd an all sénge Facetten.

Deen dozoupassende Video, deen op der Internetsäit vu LUXUS ze fannen ass, weist Reaktiounen op Pëllemëssbrauch. Witzeg Biller, ver-réckte Biller, Biller déi engem awer och kaal de Réck roof laafen. Ëmmer erëm ginn d‘Wiérder „Halluzinationen“, „Antidepressiva“, „Neuroleptiker“ oder „Neuroskeptiker“ widerhol, woubäi ech mir bei deem leschten net ëmmer sécher sinn, den „N“ rauszehéieren …

E richtegen Euroskeptiker héiert een tatsächlech um Titel „Eternesclave“.
Agepakt an engem Beat, deen engem bëssi Angscht andreiwt si geschwaten Zeilen vum Philippe Séguin, deen 1992 an der Assemblée nationale séng resolut Oofneigung géint d’Ratifizéireung vum Maastrichter Traité mat präzis ciseléierte Wiérder zum Ausdrock bréngt. Vum Opbau hiér erënnert dësen Titel un e fréiheren Titel vu LUXUS, wou e gewëssenen Helmut K. sech zum Pinocchio mëcht.

A propos: kee Wuert, op dësem Disk, iwwert eis „Pinocchio-Pandémie“, an dat aus engem einfache Grond: d’Stécker waren am Dezember 2019 well an der Këscht. Mee ech si mir sécher, dass de Covid-19 op dem nächsten LUXUS CD ‚behandelt‘ gëtt.

En aneren Titel, deen Zitatiounen benotzt (oder mëssbraucht…!?) ass „Fridden am Land“, wou eise Gaston National an vorwiegend „chrëschtlesch-sozial“ Politiker ‚zu Wuert‘ kommen.

Ass et politesch korrekt, esou „Textfatzen“ aus dem Zesummenhang erauszerappen an zu engem bedrohlechen Pot-Pourri zesummen ze fügen?

Géigefro: wién décidéiert hei zu Land, wat politesch korrekt ass?

Op „Blöde Q“ kritt eng Politikerin (mat ebenfalls dem ‚C‘ am Partei-Logo) aus eisem Nopeschland hiirt Fett oof. Den Text ass, e wéineg „trump-like“, op d‘Melodie vu “Suzie Q” geprafft, dem aale Creedence Clearwater Klassiker, woubäi den Titel eigentlech vum Dale Hawkins staamt. Komischerweis gi weder Fogerty nach Hawkins bei de Liner Notes erwähnt. Dat selwecht gëlt fir den Titel „Jong for su“, eng Reprise vun der Gram Parsons-Nummer „A song for you“. Dobäi ass den chick’n.mo üblicherweis zimlech péngeleg, wat d’Erwähnen vu sénge Sourcen ugeet…

Zum Beispill, beim „Ging-Gang-Gingeli“, dem Monni Dem séng Vokalakrobatik, kuerz viru séngem 100. Gebuertsdag bei der Tatta Koeune.

„SILENT DRUGS“ ass eben vollgepakt mat Stécker déi musékalesch verschidde Richtungen aschloe.

Wonnerschéin ass, zum Beispill, dee langen „Sum Ting Wi Lee Wong“, wou een sech deen dozougehéierende Video net soll entgoe loossen.

Sozialkritesch ass dann och „Social Justice Warrior“, deen d’Thema uschwätzt, dass lues a lues deen Eenzelnen ëmmer manner besëtzt, an dat zu Gonschten vun enger Minoritéit déi sech alles ënnert de Nol rappt.

Bon, deen een oder aneren werd sech och getrëppelt fillen, wann hién sech traut an den Album ranzelauschteren.

„Ellebike“ ass eventuell esou een Titel. De Velosfuerer gëtt hei regelrecht veräppelt, an dat net ze knapp. Ze bemiérken wär, dass net all Cyclist oder Mountain-Biker de François B. gewiélt huet. Ech ginn d’Hoffnung net op (gleewen awer net drun), dass iirgendwann een Titel vu LUXUS dem Mann um Drootiésel d’Chance gëtt sech iwwert all déi „Promeneurs du dimanche“ opzereegen, déi hiire Mupp fräi op der Velospist laafe loossen.
(De Jimmi ass trotzdeem e gudden!).

Oofschléissend wär ze bemiérken, dass et richteg interessant ass, ze wëssen, wién alles op dësem Disk matgewiérkt huet.

De Booklet ass zimlech ausféierlech, plazeweis wuel kleng geschriwwen, mee mat nach vill zousätzlechen Informatiounen. Wién dann elo wësse wëllt, wién d’Gittar spillt op „Sum Ting Wi Lee Wong“, oder wié séngt op „Blöde Q“, dee kann, a soll(!) sech den Disk besuergen!

Infos dozou bei www.luxus.lu
 
 


Mäi Fazit: MONNI DEM APPROVED BY MONNIBEN

 

CD-Tipp vun der Woch um Radio ARA

Meindes 12.10.2020
DRAMAVAX 
 
 
Denschtes 13.10.2020
Jong for Su
 
Metwochs 14.10.2020
Sum Ting Wi Lee Wong
 
Donneschtes 15.10.2020
SOCIAL JUSTICE WARRIOR brain
 
Freides 16.10.2020
"Hidden track - 13 - Eiskalinka"